Virstellung vun der Starkreenetüd vun der Uertschaft Stadbriedemes
Publié le 09 octobre 2026
Virstellung vun der Starkreenetüd vun der Uertschaft Stadbriedemes
Gëschter Owend ass d'Starkreenetüd vum Ingenieurbüro Holinger fir d’Uertschaft Stadbriedemes virgestallt ginn. Vill Awunnerinnen an Awunner haten de Wee an de Gemengesall fonnt, fir sech iwwer d’Resultater vun der Etüd an déi identifizéiert Geforenzonen z’informéieren.
Am Kader vun der Presentatioun kruten d’Participanten en detailléierten Abléck an déi ausgeschaffte Pläng a konnten sech doriwwer informéieren, wéi si sech selwer an hir Wunnengen am Fall vu Staarkreen an Zukunft besser schütze kënnen. Doriwwer eraus stoungen d’Vertrieder vum Ingenieurbüro an der Gemeng de Bierger fir Froen an Erklärungen zur Verfügung.
No der offizieller Presentatioun huet d’Gemeng op e Patt invitéiert, wou d’Geleeënheet bestanen huet, sech an enger gemittlecher Atmosphär weider auszetauschen.
Hier soir, l’étude sur les pluies intenses réalisée par le bureau d’ingénieurs Holinger pour la localité de Stadtbredimus a été présentée au public dans la salle communale.
De nombreux habitants ont assisté à cette réunion afin de découvrir les résultats de l’étude, de prendre connaissance des zones à risque et de s’informer sur les mesures permettant de mieux protéger leurs habitations à l’avenir.
À l’issue de la présentation, la commune a invité les participants au verre de l’amitié, offrant ainsi l’occasion de poursuivre les échanges dans une ambiance conviviale.