Visite vum Mahuwèna Crespin Gohoungodji aus dem Benin
Publié le 11 juin 2026
Visite vum Mahuwèna Crespin Gohoungodji aus dem Benin
Gëschter gouf et en Austausch tëscht der Gemeng an dem nationale Koordinator vun der ONG HUENUSU, dem Mahuwèna Crespin GOHOUNGODJI aus dem Benin. Eis Responsabel aus der Crèche, d’Loredana Helfer, engagéiert sech reegelméisseg als Benevol am Benin an ënnerstëtzt Entwécklungsprojeten asw. Kierzlech huet si och Bicher an Material vun der Gemeng fir d’Bibliothéik zu Za-Kpota matgeholl.
Eng flott Aktioun, déi weist, wéi een och mat klenge Gesten eppes ka beweegen.
Hier, une rencontre a eu lieu entre la commune et le coordinateur national de l’ONG HUENUSU, Mahuwèna Crespin GOHOUNGODJI, venu du Bénin. La responsable de notre crèche, Loredana Helfer, s’engage régulièrement comme bénévole au Bénin, où elle soutient des projets de développement. Récemment, elle a notamment acheminé des livres et du matériel fournis par la commune afin de renforcer la bibliothèque de Za-Kpota. Une belle initiative qui montre que même de petits gestes peuvent avoir un grand impact.